
© Karin Feyen
Invitatioun: 2. Psychiatrie Trialog - Psychose
No eisem éischten, erfollegräichem Trialog vum 27. Mäerz, sinn mir frou Iech op den nächsten Trialog ze invitéieren, den:
26. Juni 2025 vun 18:30-20:30
Centre Sociétaire et Sportif Gare
29, rue de Strasbourg
L-1839 Lëtzebuerg
(2. Stack – Salle multifonctionnelle)
Deelhuelen um Trialog ass gratis an ouni Aschreiwung.
Nach eng Kéier en häerzleche Merci un d'Leit mat perséinlecher Erfarung vu Psychose, un hir Famill a Frënn, souwéi och un d'Gesondheetsberuffler, déi all zesummen dësen éischten Trialog Lëtzebuerg beräichert hunn.
Den Austausch mat eise Gäscht war stimuléierend a beräichernd duerch d'Reflexioune vun de Participanten.
Fir datt et weidergeet, zielen mir op är Mataarbecht an mir invitéieren Iech esou vill wéi méiglech, är Iddien, är Themen, är Wënsch, awer och är eventuell Bedenken an Kriticken matzedeelen oder matzebréngen.
Bréngt se mat den 26. Juni oder schreift eis se iwwert ons Mailadress : info@trialog.lu
Dësen zweeten Trialog ass an der Kontinuitéit op der selwechter Plaz an d' Haaptsprooch ass d'Lëtzebuergesch.
Dir kennt Iech awer och op Däitsch an Franséisch ausdrécken.
Mir maachen eis gläichzäiteg och Gedanken ëm d'Plaz an d'Sprooch.
Ugeduecht ass, datt di nächsten Trialogen am Norden respektiv am Süden vum Land kéinten stattfannen.
Dofir brauchen mer är Ënnerstëtzung, mellt Iech wann Dir mathëllefen wëllt een nächsten Trialog an ärer Regioun oder Sprooch ze organiséieren.
Froen zum Trialog?
Kuckt hei: www.trialog.lu
Oder schreift op: info@trialog.lu
Mehr dazu
Download
Dës Dokumenter sinn och Online op www.trialog.lu ze fannen.
Liens internes
Inivitation : 2e Psychiatrie Trialog - Psychose
Après un premier Trialog positif, nous souhaitons poursuivre cette expérience avec vous !
26 juin 2025 de 18h30 à 20h30
Centre Sociétaire et Sportif Gare
29, rue de Strasbourg
L-1839 Luxembourg
(2e étage – Salle multifonctionnelle)
La participation au Trialog est gratuite et sans inscription.
Une fois encore, nous remercions chaleureusement les personnes ayant une expérience personnelle de la psychose, leurs proches et leurs amis, ainsi que les professionnels de la santé, qui ont tous contribué à enrichir ce premier Trialog Luxembourg. Les échanges avec nos invités ont été stimulants et enrichissants grâce aux réflexions des participants.
Pour que cela continue, nous comptons sur votre participation et nous vous invitons à être nombreux à partager ou à apporter vos idées, vos thèmes, vos souhaits, mais aussi vos éventuelles préoccupations et critiques.
Faites-nous parvenir vos contributions avant le 26 juin ou écrivez-nous à l'adresse suivante : info@trialog.lu
Ce deuxième Trialog se déroulera au même endroit et la langue principale sera le luxembourgeois. Cependant, vous pourrez également vous exprimer en allemand et en français.
Nous réfléchissons également au lieu et à la langue. Il est prévu que les prochains trialogues puissent avoir lieu dans le nord ou le sud du pays.
Nous avons donc besoin de votre soutien, n'hésitez pas à nous contacter si vous souhaitez aider à organiser le prochain trialogue dans votre région ou dans votre langue.
Des questions sur le trialogue ?
Rendez-vous sur : www.trialog.lu
Ou écrivez-nous à : info@trialog.lu
Pour en savoir plus
Téléchargement
Liens internes