De Service “Suivi Ambulatoire” vu Liewen Dobaussen riicht sech u Persounen, déi e psychiatreschen Encadrement brauchen an akzeptéieren. Dëse Service bitt vill Méiglechkeeten, fir an der Privatsphär vum Client ze intervenéieren a gëtt mat grousser Flexibilitéit un déi individuell Besoinen an Ziler vum Client ugepasst.
Follgend Offere ginn de Clienten am Kader vum “Suivi Ambulatoire” ugebueden:
- Motivatioun a geziilt Fërderung vun der Autonomie
- Opbaue vun enger vertrauensvoller Relatioun, ënner anerem duerch reegelméisseg Präsenz op der Plaz
- Aktivéierung vum sozialen Ëmfeld duerch ë. a. Deelhuelen un individuellen a gemeinschaftlechen Aktivitéiten
- Ubidde vu psychoedukative Moossnamen
- Berodung a Begleedung bei psychiatreschen a medezinesche Froen
Fir dës Konferenz vun der AFPL wäerte mir eng Mataarbechterin vum Service virtuell bei hirer alldeeglecher Aarbecht begleeden. Wéi eng Erausfuerderunge wäerte mir begéinen? Wéi eng Situatioune wäerte wéi eng Handlungen erfuerderen? Wéi eng Roll spillt d'Kreativitéit bei der Begleedung? A schliisslech: Wéi eng Strategië sinn néideg, fir eppes ze beweegen?
No der Präsentatioun wäert eng Persoun, déi vum Service betreit gëtt, hir perséinlech Erfarunge mam Publikum deelen.