Dag 3
Donneschdeg, den 20. Mäerz 2025 vun 18:30 - 20:00 Auer
D’Rechter an d’Flichte vum Patient
Thema
D’Rechter an d’Flichte vum Patient gi virgestallt, sou wéi dës am Gesetz vum 24. Juli 2014 gereegelt sinn. Et geet dobäi ëm Froen, wéi de fräie Choix vum Prestataire, d’Informatioun an d’Awëllegung (consentement) vum Patient, d’Recht op e Patientendossier, d’Recht sech begleeden ze loossen an eng Vertrauenspersoun ze bestëmmen.
De Public ass häerzlech agelueden sech mat den eegenen Erfarungen a Froen aktiv anzebréngen.

Conferencier
De Virtrag gëtt gehale vum Mike Schwebag, Médiateur de la Santé, Jurist.
Hie leet zënter 2015 de „Service national d’information et de médiation dans le domaine de la santé“.
Méi zum Service fannt Dir op: www.mediateursante.lu
Konferenz a Lëtzebuerger Sprooch
PowerPoint-Presentatioun op franséisch.
Fräi Aussprooch op LU, FR oder DE.
Conférence en langue luxembourgeoise
Présentation PowerPoint en français.
Discussion libre en LU, FR ou DE.
Adress
Centre culturel Dummeldeng - Schräinerei Drescherhaus
26a, rue du Château
L-1329 Lëtzebuerg